Um FreidegowendZwee Blesséierter bei Verkéiersaccidenter an zwee Bränn

RTL Lëtzebuerg
D'Ambulancieren an d'Pompjeeë vum CGDIS sinn e Freideg wéinst Accidenter a Feier ausgeréckt.
© Jeannot Ries

Kuerz no 17 Auer waren d'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng, d'Pompjeeë vu Käerjeng a Koler an de Groupe d'appui technologique opérationel am Asaz, wéi et um CR110 tëscht Kënzeg a Grass zu engem Vegetatiounsbrand komm ass.

Géint 17:30 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi en Auto op der A6 an Direktioun Arel e Moto ze pake krut. D'Stater Ambulancieren a Pompjeeë waren op der Plaz.

Um 18:10 Auer sinn d'Ambulanciere vu Péiteng an d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng dann op Zolwer an d'Rue de Differdange geruff ginn. Hei gouf et ee Blesséierten, wéi zwee Cyclisten aneneegerannt sinn.

Kuerz virun 21:30 Auer huet et dann um CR115 tëscht dem Rouscht a Colmer-Bierg am Bësch gebrannt. D'Pompjeeë vu Biissen an d'Ambulanciere vu Colmer-Bierg waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO