Police deelt matZwee Männer festgeholl, well si a Buttek respektiv am Spidol geklaut hunn

RTL Lëtzebuerg
An engem Buttek zu Capellen war d'Beamten op der Plaz, wéi ee Mann Alkohol klaue wollt an an engem Spidol an der Stad gouf de Brigang vum Personal gestallt.
© Laurent Weber

Wéi d'Police matdeelt, gouf en Donneschdeg den Owend e Mann gemellt, deen an engem Spidol an der Stad probéiert hat, en Handy aus engem vun den Zëmmeren ze klauen. Eng Patrull konnt de Mann festhuelen an dësen hat op Uerder vum Parquet direkt e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Do konnt hien op e Mann getraff sinn, deen en Donneschdeg zu Capellen an engem Buttek geklaut hat. Enger Patrull vun der Police war de Mann am Geschäft opgefall, well dëse mat enger vollgepaakter Tut hei ënnerwee war an Demi-tour gemaach huet, wéi hien d'Polizist gesinn huet. Kuerz drop, wéi d'Beamten nach op der Plaz waren, ass dunn den Alarm vun Geschäft ugaangen an déi zwee Poliziste konnte gesinn, wéi de Mann erauskoum. Um Parking konnte si hien du stellen. Wéi hien a seng Tut duerchsicht gouf, koum eraus, datt hie verschidde Fläsche mat Alkohol net bezuelt hat. Dës goungen zeréck an de Buttek an de Mann gouf festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO