Alkohol am SpillZwee Männer hu sech zu Ierpeldeng-Sauer dernieft beholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch goufen der Police zwee Männer gemellt, déi sech zu Ierpeldeng-Sauer engem Passant géigeniwwer opdrénglech verhalen hunn.
© Laurent Weber

D'Police huet op Nofro preziséiert, d'Männer hätten een anere Mann probéiert ze iwwerrieden, si am Auto matzehuelen. Wou deen awer ofgeleent huet, hunn déi zwee alkoholiséiert Männer net gutt drop reagéiert.

Eng Policepatrull konnt déi zwee méi spéit an der Rue du Viaduc untreffen, wou si deen Ament iwwer d'Fuerbunn getierkelt wieren. Well si scho virdrun duerch hiren Zoustand opgefall waren, an dee sech an Tëschenzäit net gebessert hat, hunn d'Beamten decidéiert, si an de Passagearrest ze bréngen.

Déi zwee Männer zu Ierpeldeng waren awer och nach eng Rei Leit am Stroosseverkéier ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten. Esou zum Beispill op der A6 zu Gaasperech. Do war géint 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch ee Chauffer ze séier ënnerwee. Kuerz drop gouf hie gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest huet ee positiivt Resultat gewisen an hie krut säi Fürerschäin ofgeholl.

Eng allgemeng Verkéierskontroll gouf et dann nach ëm kuerz no 2:20 Auer op der Route de Remich zu Mutfert. Do ass eng Autosfuererin de Beamten negativ opgefall - den Alkoholtest war dogéint och hei positiv. Et gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint si ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO