
Ee vun hinne war Volleyballtrainer an huet iwwer 5 Joer laang Meedercher an den Dusche gefilmt. Hien huet ënner anerem och Foto vun engem vun de Meedercher aus deem sengem Doheem geklaut. Hie gouf zu enger Prisongsstrof vu 5 Joer condamnéiert, dovunner 3 Joer op Sursis mat Oploen. Den zweete Mann krut eng Prisongsstrof vun 2 Joer op Sursis an eng Geldstrof vun 2.000 Euro. Och hie muss sech un Oploen halen.
Dozou gehéiert a béide Fäll, datt d’Männer sech wéinst hirer Pedophilie psychiatresch musse behandele loossen. De Volleyballtrainer muss och Schuedenersatz bezuelen.
22 Meedercher hate sech Partie civile deklaréiert. Si kruten Entschiedegunge vun 3.000 Euro an an engem Fall 8.000 Euro zougesprach. Dem Volleyballclub muss de fréieren Trainer de symboleschen Euro bezuelen.
Fréiere Volleyballtrainer wéinst Kannerpornographie viru Geriicht: Affekote vun den Affer nennen d’Faiten “denigréirend, humiliant an degoûtant”
Meedercher beim Dusche gefilmt: Zwee Männer mussen sech wéinst kannerpornographeschem Material veräntwerten