CGDISZwee Motocyclisten op eise Stroosse blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Nieft den zwee Accidenter, bei deene jeeweils ee Motocyclist blesséiert gouf, mellt de CGDIS eng ganz Partie Bränn.
© Laurent Weber / RTL

Géint 19 Auer e Freideg den Owend war an der Gaasperecher Strooss zu Hesper e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert. D’Ambulancieren an de Samu aus der Stad waren op der Plaz grad ewéi d’Pompjeeë vun Hesper.

E weideren Asaz fir de Samu aus der Stad gouf et just eng véierel Stonn méi spéit zu Keelen an der Rue Scharfeneck. Och hei war e Motorradsfuerer mat sengem Gefier gefall a gouf blesséiert. Nieft dem Samu waren och d’Rettungsdéngschter vu Stengefort a Keelen am Asaz.

Eng Rei Bränn uechtert d’Land

Ëm déi selwecht Zäit stoung zu Déifferdeng um Boulevard Emile Krieps en Auto a Brand, wou et awer beim Materialschued bliwwen ass. D’Secouriste vum CIS SaDiff waren um Asaz.

En éischt haislecht Feier war dem 112 géint 17.30 Auer an der Duarrefstrooss zu Fëschbech bei Clierf gemellt ginn. Eng Persoun gouf hei liicht blesséiert, wéi et an enger Kiche gebrannt hat. D’Rettungsdéngschter vu Clierf waren op der Plaz.

Zu Bäreldeng an der Cité Grand-Duc Jean hat Grill op enger Terrass Feier gefaangen. Dëst konnt vun de Pompjeeë vu Steesel an aus der Stad geläscht ginn. D’Ambulanciere vu Lëntgen waren och um Asaz, et war awer keng Persoun blesséiert ginn.

Zu Rodange an der Route de Longwy hat iwwerdeems en elektreschen Apparat gebrannt. An zu Heischent bei der Fuussekaul, souwéi zu Déifferdeng an der Rue Emile Mark hat jeeweils eng Poubelle Feier gefaangen.

Back to Top
CIM LOGO