
Ëm kuerz virun 20 Auer um Samschdeg den Owend sinn an der Rue des Alliés zu Kietscht een Auto an ee Motorrad net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert an eng Ambulanz vu Réiden op der Atert war am Asaz. E Sonndeg de Moie géint 10:45 Auer ass an der Route de Tréves um Sennengerbierg eng Persoun an engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto blesséiert ginn. Eng Ambulanz vum Findel war op der Plaz.
E Samschdeg den Owend gouf eng Patrull dann nach op een Auto opmierksam, dee géint 23 Auer an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck nawell zimmlech récksiichtslos ënnerwee gewiescht wier an anere Leit d'Virfaart geholl hätt.
D'Beamte konnten hien op der B7 a Richtung Colmer-Bierg anhuelen an hunn deen Ament festgestallt, datt de Chauffer Schlaangelinne gefuer ass. D'Polizisten hu probéiert, den Auto iwwer d'Ausfaart Colmer-Bierg vun der Strooss erof ze kréien, ma de Chauffer hat d'Signaler anscheinend net verstanen an ass weider op d'A7 gefuer.
Op der Autobunn ass de Chauffer du bemol op der Pannespuer stoebliwwen. D'Beamten hunn hie probéiert ze animéieren, hinnen nozefueren, ma och hei huet hien d'Uweisungen eréischt méi spéit verstanen. No enger Zäit huet de Chauffer dunn awer gefollegt a konnt an d'Rue de l'Industrie zu Colmer-Bierg geloust ginn, wou hien du kontrolléiert gouf. De Chauffer war deemno staark alkoholiséiert a krut de Fürerschäin ofgeholl.
A verschiddenen Alkoholkontrollen e Samschdeg den Owend huet d'Police iwwerdeems insgesamt 201 Automobiliste kontrolléiert. An dräi Fäll war d'Resultat vum Alkoholtest positiv an zwee Permise goufen agezunn. Eng Persoun hat iwwerdeems refuséiert, den Otemloftstest ze maachen.