Demande gestalltZweet Initiativ fir Verfassungsreferendum

Roy Grotz
Och iwwert den ofgeännerten Artikel 2 vun der Verfassung soll et e Referendum ginn.
© RTL Grafik / Archivbild

Op d’mannst wann et engem Comité d’Initiative no geet, deen e Freideg beim Staatsminister eng entspriechend Demande gestallt huet.

Den zweeten Verfassungsartikel war jo den 25. Januar mat enger 2/3-Majoritéit an engem 1. Vott an der Chamber ugeholl ginn.

Ewell iwwert de Justiz-Kapitel an der Verfassung sollt et e Referendum ginn, och heifir hat sech e Grupp vun Leit agesat. Et waren iwwerall an de Gemengen Ënnerschrëfte gesammelt ginn, mee et koumen net déi néideg 25.000 zesummen, fir datt e Referendum hätt kéinten organiséiert ginn. Et waren der 7400.

Dës nei Initiativ gëtt lo ënnert d’Lupp geholl, ob se de Krittären entsprécht. Wann dëst de Fall ass, mussen nees an de Gemengen Ënnerschrëftelëschten ausleien, mat der Méiglechkeet, datt den zweete Chamber-Vott iwwert den 2. Verfassungsartikel kéint duerch e Volleksvott ersat ginn.

Eng Decisioun vum Premier Bettel muss Ugangs d’nächst Woch ewell virleien.

Back to Top
CIM LOGO