Nuecht am ArrestSträit op Stater Gare, Sécherheetsbeamte bei Tramsarrêt menacéiert

RTL Lëtzebuerg
An de leschte 24 Stonnen ass d’Police landeswäit bal 70 Mol wéinst verschiddene Streidereien a Verstéiss géint d'Nuetsrou geruff ginn.

An de meeschte Fäll hat sech d’Situatioun awer séier berouegt oder gekläert, dat och scho mol ier d’Beamten iwwerhaapt ukomm sinn.

Anescht an dësem Fall: E Freideg den Owend gouf der Police géint 18 Auer eng blesséiert Persoun an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier an der Stad gemellt. Éischten Informatiounen no koum et zu engem Sträit tëscht zwee Männer. Eng Policepatrull konnt déi gemellte Persounen nach op der Plaz untreffen.

Béid Persounen déi uneneegerode waren, haten ze vill gedronk, ee vun hinnen huet sech de Beamten géintiwwer zousätzlech onkooperativ beholl. Wéinst sengem alkoholiséierte Zoustand huet de Mann eng Gefor fir sech selwer an aner Persounen duergestallt an ass no enger medezinescher Kontroll an Arrest komm a gouf protokolléiert.

Um Boulevard Royale huet dee selwechten Owend e wéineg méi spéit e Mann e Sécherheetsbeamten bei engem Tramsarrêt menacéiert. Well och hei de Mann staark alkoholiséiert war an net kooperéiere wollt, koum hien an d’Ausniichterungszell.

Back to Top
CIM LOGO