Ganz kuerzen AusfluchZwou Lëtzebuergerinnen erziele vun hirer Rhodos-Aventure

Anne Wolff
D'Vakanz gebucht, d'Wallis gepaakt lass. Fir méi wéi 80 Luxair-Clientë war d'Vakanz zu Rhodos awer séier eriwwer. Mir hu mat zwee vun hinne geschwat.
© Jenna Kolber

Op der griichescher Insel Rhodos si méi wéi 100 Läschfligeren an Helikopteren am Asaz a kämpfe géint Bëschbränn. Besonnesch de staarke Wand mécht Problemer. Souguer op de Satellittebiller ass dat enormt Feier ze gesinn. Dausende Mënsche goufen evakuéiert, ënnert hinnen och Lëtzebuerger.

Chaotesch Evakuatioun a Biller wéi aus dem Film

D’Jenna Kolber war d’lescht Woch zu Rhodos an der Vakanz. Méi genee am Südoste vun der Insel zu Kiotari. “Freidegowes huet et ugefaangen, baussen no Feier ze richen an och d’Kleeder um Balkon ware voller Äschen. Virum schlofegoen hu mir dunn all d’Diere mat viischten Dicher zougeluecht, fir dass den Damp net eranzitt”, erzielt si.

Moies huet een dann am Hotel déi nächst Auswierkunge vum Feier bemierkt. Wärend dem Moiesiessen ass de Stroum am Hotel ausgefall. Géint 13 Auer du wier d’Dampwollek dobaussen ëmmer méi no komm a méi donkel ginn. Kuerz drop wier am Hotel eng Duerchso gemaach ginn, dass den Hotel géif evakuéiert ginn.

© Jenna Kolber

Mir kruten naass Dicher, fir virun de Mond ze halen, fir ootmen ze kënnen. Iergendwa sinn zwee Busser komm an hunn eis op Grennadi bruecht. Mir goufen all op d’Plage bei eng kleng Taverne bruecht ouni Informatiounen, wéi et weidergeet. Mir kruten dunn awer Waasser an Iesse vun engem Hotel vis-à-vis

D’Jenna Kolber erzielt, wéi de ganze Mëtteg Läschfligere ronderëm geflu sinn a Mierwaasser getankt hunn. Soubal se owes net méi fléie konnten, hätt ee gesinn, wéi d’Flamen ëmmer méi grouss ginn.

D’Aventure geet weider

Owes um 22 Auer sollte Busse si siche kommen, mä déi hu si net erreecht, well d’Stroossen aus dem Norde vum Land all gespaart waren. Du gouf och Grennadi evakuéiert an all d’Awunner hu sech zesumme mat den Touristen op der Plage versammelt. “Géint 23 Auer hu mir Schëffer gesinn. D’Arméi an d’Rout Kräiz hunn d’Leit vun der Plage mat klenge Booter op d’Mier bei déi grouss Schëffer bruecht. Et war en immens groussen Undrang. Wann d’Boot net zoufälleg direkt virun engem stoe bliwwen ass, da war et onméiglech, bäizekommen.”

© Jenna Kolber

Géint 2 Auer an der Nuecht wier dann ee Bus komm an hätt Leit matgeholl, ma dee wier direkt voll gewiescht. “Mir hunn dunn decidéiert, net méi op der Plage ze waarden, mä erop bei d’Strooss ze goen an der Hoffnung, dass weider Busse kommen.”

Iergendwa wieren dunn dräi Busse komm an d’Jenna Kolber an hir Begleedung hätten et do eragepackt. No engem Stopp an engem Hotel, wou d’Leit all schonn um Buedem louchen, wiere si géint 4 Auer Moies an engem Hotel vu Luxair-Tours erausgelooss ginn. “Do hu mir zesumme mat honnerte Leit probéiert, op Still an um Buedem ze schlofen.”

Moies sinn déi zwou Fraen dunn op de Fluchhafe gefouert ginn, wou si wéi geplangt hire Fliger huele konnten.

Mir sinn immens frou, rëm doheem ze sinn, mee mir denke un déi vill Leit dohannen, déi keen Doheem méi hunn an un déi, déi schonn zanter Deeg ouni Paus do am Asaz sinn.

Deem enge säi Retour, deem anere seng Arrivée

De Sonndeg de Moien ass Martine Gangolf op déi griichesch Insel Rhodos geflunn. Wéi uerg d’Situatioun op der Plaz zënter e puer Deeg ass, wosst déi jonk Fra deen Ament net. Zu Rhodos um Fluchhafen ukomm, sollten d’Martine Gangolf an hir Frëndin an den Hotel gefouert ginn. Nodeems de Guide vu Luxair-Tours hin an hir telefonéiert huet, nodeems en d’Destinatioun genannt krut, huet et geheescht, déi zwou Lëtzebuergerinnen dierfen an hiren Hotel.

Op der Plaz ukomm, ass de Vakanzefeeling awer net iwwersprongen. Den Hotel war quasi eidel. “Mir kruten du gesot, dass d’Géigend iwwer Nuecht evakuéiert gouf. Mir waren zimmlech rosen an erstaunt, dass mir dann awer an deem Hotel setzen”, erzielt déi jonk Fra.

De Sonndeg duerfte si dunn och am Hotel bleiwen. A wuertwiertlech am Hotel. Si duerfte sech dobaussen nämlech net ophalen.

Zwou Lëtzebuergerinnen erziele vun hirer Rhodos-Aventure
“Et war onheemlech. Den Hotel war schonn evakuéiert ginn.”

Vum Guide krut een deen Dag net vill Informatiounen. Nëmmen d’Autoritéite kéinten entscheeden, ob evakuéiert gëtt oder net. D’Martine Gangolf an hir Frëndin sinn dunn am Hotel bliwwen. D’Wallis hunn déi zwou Fraen awer net ausgepaakt an och d’Nuecht hu si méi waakreg wéi schlofend verbruecht. Um Méindeg de Moien goung d’Aventure du weider.

Zwou Lëtzebuergerinnen erzielen vun hirer Rhodos-Aventure
No enger Nuecht ouni Schlof, konnte si moies rëm zeréckfléien.
Um Fluchhafen ukomm, kruten déi zwou Fraen dunn e Fluch fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. Eng Hotline hätt gefeelt, et wier einfach keen zoustänneg fir si gewiescht an et wier ee quasi u kee komm. Alles agereecht hoffen d’Martine Gangolf an hir Frëndin, dass d’Ëmbuche vu Luxair-Tours rembourséiert gëtt. Dës hu jo matgedeelt,

hir Client finanziell net am Stach ze loossen.

Fotogalerie: Weider Impressioune vu Rhodos

Back to Top
CIM LOGO