MierschZwou Persoune wéinst Kierperverletzung festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war e Mann an der Areler Strooss zu Miersch kierperlech attackéiert ginn.

Am Kader vun den Ermëttlunge konnt d’Police zwee presuméiert Täter identifizéieren. Bei enger Perquisitioun op der Adress vun engem vun de Verdächtege goufen 21 Gramm Haschisch an eng Spillkonsol, déi dem Affer, éischten Informatiounen no, geklaut gouf, séchergestallt ginn.

Béid Verdächteg goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

Da sinn et nach zwee Zeienopriff. Eng Kéier wéinst engem schwéieren Accident e Mëttwoch géint 18.15 Auer an der rue du Cimetière zu Monnerech. Een Trakter hat hei ee Vëlo ze packe kritt. De Cyclist koum mat schwéiere Blessuren an d’Klinik. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire op der Plaz.

Schonn den 13. Juni waren op der A6 op Héicht vum Gaasperecher Kräiz een Auto an ee Motorrad net laanschtenee komm, dat a Richtung Belsch. D’Motocyclistin gouf dobäi verwonnt.

Persounen, déi Informatioune liwwere kënnen, si gebiede sech entweder per Telefon ënnert der Nummer 244 17 5200 oder per E-Mail un upr@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO