No VerfolgungsjuegdZwou verdächteg Persoune maache sech ze Fouss duerch d'Bascht

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend géint 20.30 Auer ass enger Policepatrull zu Bartreng e Won opgefall, dee schëtzeg ënnerwee war ...

Op Silvester hat d'Police och schonn am fréien Owend jett ze dinn.

Géint 20.30 Auer ass eng Patrull zu Stroossen op en Auto mat belsche Placken opmierksam ginn. Den Auto ass virum Policeauto gefuer, huet dunn awer acceleréiert an ass mat héijer Vitess duerch eng 30er-Zon gefuer (Rue de l'Église).

D'Beamten hunn doropshin d'blo Luuchten ugemaach an dofir ass de Chauffeur dunn nach méi séier gefuer - Richtung Rue de Mamer. En huet versicht, sech duerch d'Bascht ze maachen, dat bei engem Tempo vun zäitweis 150 Kilometer an der Stonn.

Et goung duerch d'Rue Kiem, duerch d'Strooss "Am Bongert", dunn iwwer e Fousswee op e Parking ...

D'Course-Poursuite ass kuerz drop an enger Wiss bei deem Parking op en Enn gaangen. Do ass den Auto an engem Rampli an engem Zonk an an Hecke stieche bliwwen.

Déi 2 Persounen, déi am Auto souzen, sinn dunn ze Fouss ugeblockt - an Direktioun Rue du Parc, dat krut d'Police vu Leit, déi do wunnen, gesot.

D'Beamte konnt si awer trotzdeem net méi fannen.

Den Auto an d'Briecheisen, wat um Bäifuerersëtz louch, goufen op Uerder vum Parquet vun der Police fir d'Enquête saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO