Reesen, entdecken, den Tour ronderëm d'Welt an déi schéinsten natierlech Phenomener op der Welt begéinen – dovun dreeme ganz vill Leit.

Den André Brugiroux huet dësen Dram quasi säi ganzt Liewe gelieft. Iwwert eng Period vu 60 Joer ass hie 400.000 Kilometer uechter d'Welt gereest. Ze Fouss, mat Auto-, Schëff-, oder Fliger-Stopp. Dës Woch war de geckege Fransous, wéi e gäre wärend senge Reese genannt gouf, zu Lëtzebuerg op Besuch.

"Wat mech intresséiert huet, war d'Häerz vum Mënsch. Dat war mer deemools natierlech net esou direkt bewosst. Ech war 17", erkläert den André Brugiroux. "Mee ech wollt duerch nei Renconteren op der ganzer Welt erausfannen, dat am Kontext vu menger Kandheet an der Krichszäit, ob et enges Dages méiglech wier, datt d'Mënschen zesummen am Fridde liewen."

Et ass 1955: den André Brugiroux huet 17 Joer. Mat engem Diplom vun der Ecole hôtelière vu Paräis an der Täsch verléisst hie Frankräich mat 10 Frang an der Täsch. Haut ëmgerechent: 1,50 Euro.

"Ech si kee richtegen Tourist. Dat héiert sech vläicht komesch un, mee ech hu mech éischter wéi ee Schüler gefillt", esou de Fransous vu Villeneuve-Saint-Georges. "Ech hunn en Defaut, ech muss alles op der Plaz gesinn a léieren. Ech sinn aus Kuriositéit gereest, fir d'Welt ronderëm mech ze verstoen an do hunn ech mer Zäit gelooss. Ech hu mat de Mënschen zu Bangkok gelieft, fir de Buddhismus kennenzeléieren."

Déi éischt Destinatioun awer heescht: Europa. Op der Plaz léiert hien Englesch, Spuenesch, Däitsch an Italienesch. Duerno entdeckt hien all Kontinent. Net ëmmer ganz ongeféierlech, esou och a Kolumbien. "Ech war op en Neits am Prisong. Eng vu menge 7 Kéieren. Ech gesi jo och ganz geféierlech aus. Do hunn ech da gefrot firwat? Et huet sech erausgestallt, datt se gemengt hunn, ech géif e Fliger op Kuba ëmdirigéieren. Déi hu gemengt, ech wier e Loft-Pirat."

Fir sech d'Rees ze finanzéieren, setzt de Fransous sech en Zil. Ni méi ewéi 1 Dollar den Dag ausginn. Keen Hotel, kee Restaurant, keen Taxi.

"Ech war mat engem Mexikaner duerch Patagonien ënnerwee. An do ass mer et opgefall, mir si mat engem Dollar den Dag iwwer d'Ronne komm. Mir hu vill bei Leit geschlof. Auto-Stopp gemaach. Do hunn ech ugefaangen ze rechnen: wann ech esou weidermaache mat mengem Erspuerten, kann ech d'ganz Welt entdecken!"

Eleng huet den André Brugiroux sech ni gefillt. Trotz vollem Programm huet en Zäit fonnt, sech ze bestueden an 3 Meedercher ze kréien. Fir seng Fra gëtt et nëmme Luef: "Meng Fra genéisst et einfach, Doheem ze bleiwen. Mee si huet e grousst Versteesdemech. Se huet mech ëmmer reese gelooss, ouni eppes ze soen. Well et gouf ee Saz, deen huet ni dierfe falen: Du gees? Schonn erëm?" Dat wier da séier d'Enn vum Mariage gewiescht, laacht de Brugiroux.

Tëscht 1955 an 2016 huet de Fransous all Land an all Territoire besicht. Dobäi ass him kloer ginn – déi ganz Welt ass am Fong just een eenzelt Land. Zanter 2019 ass hie pensionéiert. Pensionéiert vum Reese wuelverstanen.