
Wien nach onsécher ass, wéi en zu de Rettungsversich vum Bockelwal Timmy steet, kann dëst elo op der Internetsäit “Wal-O-Mat” testen. Nodeems ee sech duerch 19 Froe geklickt huet, weess een, ob een zum “Team Sprengen”, zum “Team Retten” oder zum “Team Leie loossen” gehéiert. De Wal-O-Mat wier awer ganz kloer keng Walempfehlung, mee eng Parodie iwwer Walen a Politik, sou d’Bedreiwer vun der Internetsäit.

D’Iddi wier op engem Wäinowend entstanen, sou de 24 Joer ale Mattheus Berg, deen d’Säit entwéckelt huet. Zanter e Samschdeg ass se online an ass zanterhier scho méi wéi 80.000 mol opgeruff ginn. D’Konzept orientéiert sech um Wahl-O-Mat, deen zanter 2002 vun der Bundeszentrale für politische Bildung bedriwwe gëtt a virun allem de jonke Leit eng Hëllef soll si bei hirer Entscheedung, wa se (fir d’éischt) wiele ginn.

Wat den Timmy vum Wal-O-Mat hält, ass iwwregens net iwwerliwwert.