D’Caroline Mart huet d’Emissioun zanter der éischter Stonn moderéiert. Elo stoung si fir d’lescht Kéier virun der Kamera. Och d’Diane Wunsch, zanter 11 Joer Coordinatrice, geet an d’Pensioun a gëtt hir Funktioun am Laf vum Joer virun.
Hanner dëser Emissioun stécht vill Aarbecht, déi meeschtens am Hannergrond leeft. Iwwer Méint gëtt organiséiert, geplangt a koordinéiert.
Zanter 2002 gëtt den Télévie och zu Lëtzebuerg organiséiert. An där Zäit goufen hei am Land méi wéi 32 Milliounen Euro fir d’Kriibsfuerschung gesammelt. Dëst Joer ass de Compteur op 1.521.863 Euro geklommen.
Nieft de ville Suen, déi all Joer gesammelt ginn, geet et och vill ëm d’Solidaritéit. Benevollen, Betraffener a Famillen droen d’Initiativ, an och no 25 Joer bleift d’Zil dat selwecht:
D’Fuerschung ënnerstëtzen an Hoffnung ginn.