Domadder ass Mar Menor dat éischten europäescht Ekosystem, wat dëse Statut kritt. D'Ekosystem huet soumat eege Rechter vun der Regierung zougeschwat krut.

Mat Ausnam vun der rietspopulistescher Partei Vox huet e Mëttwoch dat ganzt spuenescht Parlament dësem Vott zu Madrid zougestëmmt. A Spuenien erhofft ee sech mat dësem Schrëtt, d'Biodiversitéit an der Lagun ze schützen, souwéi d'Stëmme vu Gesetzer, wat den Ekosystem betrëfft, ze vereinfachen.

No dësem Beschloss ass et de Bierger méiglech, viru Gericht ze goen, wann iergendee Verdacht besteet, datt d'Rechter vun der Lagun verletzt goufen. Dobäi bezéie sech d'Rechter vum Ekosystem haaptsächlech ëm de Schutz vun der Biodiversitéit. E Kommiteee aus sechs Vertrieder vun Agencen a siwe Gesellschaften, déi sech fir de Schutz vun der Natur asetzen, soll dobäi den Ekosystem iwwerwaachen. Zejoert hate 640.000 Mënschen eng Petitioun ënnerschriwwen, déi de Schutz vum Ekosystem verlaangt huet.

Experten hunn a rezenten Etüden erausfonnt, datt den Ekosystem massiv iwwerdüngt wier, wat de Wuesstem vun Alge mat sech brénge géif. Dëst wier besonnesch bei Hëtztwelle ganz uerg, well doduerch e Sauerstoffmangel entstoe kéint, deen zu engem grousse Fëschstierwe bäidroe kéint. Am August 2021 sinn esou fënnef Tonne Fësch gestuerwen, wouduerch de Mënschen op der Plaz bewosst ginn ass, datt een esou séier wéi nëmme méiglech handele misst.