Si haten eng Fläsch an enger Bar geklaut. Amplaz e gratis Drink gouf et eng medezinesch Behandlung an eng Police-Enquête.

Bei Erfurt hat e 25 Jore ale Mann eng voll Fläsch an enger Bar matgoe gelooss. Hien, wéi och seng Kolleegen, war der Meenung, datt si e Kraiderlikör geklaut hätten an hu sech den Inhalt schmaache gelooss. Ma an dëser Fläsch war net dat dran, wat si u sech drénke wollten, mä si krute vun hirem Kolleeg Botzmëttel zerwéiert.

Well si dëst gedronk hunn, hu sech d'Männer am Alter tëscht 19 a 25 Verbrennungen am Mond an Hals zougezunn. D'Ambulanz huet misste geruff ginn a si goufe behandelt. Géint de 25 Joer ale Mann, deen d'Fläsch geklaut hat, gëtt donieft och nach ermëttelt, wéi d'Police matgedeelt huet.

Wéi den MDR mellt, hätt dës Fläsch änlech ausgesi wéi déi, wou Kraiderlikör dran ass, ma et wieren awer déi bekannte Warnbiller op der Fläsch gewiescht.