De Bhutan ass engem Index no eent vun de glécklechste Länner weltwäit. Mä wien dohin an d'Vakanz wëll, muss geschwënn allerdéngs déif an d'Täsch gräifen.

No enger ronn zwee Joer laanger Corona-Paus huet déi buddhistesch Regierung verlaude gelooss, datt ee vum 23. September un nees Touriste wéilt an d'Land areese loossen. Dowéinst géif een d'Restriktioune bei der Arees labberen. Esou mussen d'Touriste vum 23. September u kee Corona-Test méi maachen, wa si an d'Land areesen. Doriwwer eraus muss een als Geimpften och net méi fir fënnef Deeg an Auto-Isolatioun goen, soubal een am Land ass. Weider muss an der Ëffentlechkeet keng Mask méi gedroe ginn an et ginn och keng Restriktioune méi an de Geschäfter. Och d'Ausgangsspäre goufen deelweis ofgeschaaft.

Nieft dësen Erliichterunge gëtt et fir Touristen am Bhutan vum 23. September un allerdéngs och e gudde Krack méi deier. Leit op Reese musse vun dann un deeglech eng Steier an der Héicht vun 200 US-Dollar ze bezuelen, déi dofir do ass, fir d'Land nohalteg entwéckelen ze kënnen. Weider sollen esou d'Käschten opgefaange ginn, déi duerch d'Touristen zustane kommen. Dës Steier steet an der Traditioun, datt am Bhutan d'Wuelergoe vun der Bevëlkerung méi wichteg ass, wéi de Wirtschaftswuesstem vum Staat. Virun der Corona-Pandemie louch dës Steier allerdéngs nach bei 65 US-Dollar.

Ob sech elo vum 23. September un, nodeems dës Steier drastesch erhéicht gouf, nach genee esou vill Touristen an de Bhutan verlafe wäerten, steet allerdéngs an de Stären.

Iwwerdeems gouf zu Hongkong och d'Auto-Isolatioun ofgeschaaft. D'Touriste musse vum 23. September un just nach e PCR-Test bei der Arees maachen. Weider dierf een déi éischt dräi Deeg net a Restauranten oder a Bare goen.