Bei enger Razzia an enger Bäckerei zu Schiedam hu Policebeamte 5.000 Space-Cookies fonnt. Dës soll d'Bäckerei als klengen Nieweverdéngscht gebak hunn.

De Beamten no soll d'Bäckerei zu Schiedam schonn ugangs vum Joer am Viséier vun der Police gewiescht sinn. Iwwer Méint ewech huet sech de Verdacht net geluecht, soudatt e Sonndeg eng Razzia bei der Bäckerei gemaach gouf. An der Bäckerei, déi an enger Uertschaft kuerz viru Rotterdam läit, goufe ronn 5.000 vun de sougenannte Space-Cookies fonnt. Am Depot vun der Bäckerei goufe weider Këschte mat de Cannabis-Kichelcher souwéi eng Geldzomm vun 90.000 Euro fonnt.

Doropshi goufen en 53 Joer ale Mann vu Rotterdam, souwéi en 39 Joer ale Mann vu Schiedam festgeholl. Si koumen an Untersuchungshaft. An der Tëschenzäit, esou d'Beamten, wiere béid Männer nees op fräie Fouss komm.

D'Kichelcher goufe vun der Douane confisquéiert an zerstéiert. D'Bäckerei gouf iwwerdeems vum Buergermeeschter vu Schiedam zougemaach.