Haten d'Schigebidder viru Kuerzem nach mat der Maskeflicht ze dinn, musse si sech elo ëm deen nächste Problem këmmeren: Energie spueren.
Si sinn omnipresent a falen eis schonn net méi op, wa mir am Wantersport sinn: Seelbunnen, Schnéikanounen a Co. Wat si all gemeinsam hunn? Si friessen Energie. Dowéinst hu mir eis gefrot, wéi e Schigebitt wéi Sölden der Energiekris entgéintwierkt a wéi een Impakt hat de Coronavirus op déi beléift Wanterdestinatioun?
Fir op dës Froen eng Äntwert ze fannen, hu mir beim Direkter vun de Seelbunnen zu Sölden an Éisträich, dem Jakob Falkner, nogefrot. Hien ass sech der Situatioun bewosst an esou soll esou séier wéi méiglech, do, wou et geet, gespuert ginn. Engersäits sollen d'Lifter méi lues lafen, awer esou dass keen et mierkt. Anerersäits soll méi op Solarenergie zréckgegraff ginn. Vill Diecher solle mat Solarzellen ekipéiert ginn a villes ass schonn duerch LED-Luuchten ersat ginn, déi Energie spueren.
Dat alles nodeems d'Schigebidder nach ëmmer d'Nowierkunge vun der Pandemie ze verdauen hunn. De Mario Karlinger këmmert sech ëm d'Gestioun vun 21 Gebaier zu Sölden. Och do muss elo gespuert ginn, dofir gëtt op ville Plazen e puer Grad manner gehëtzt.
Un Touriste feelt et Sölden den Ament net. Ma leider sinn et och d'Touristen, déi vill Energie verbrauchen, dowéinst gëtt och an den Hoteller alles optiméiert.
Theeme wéi Nohaltegkeet, Digitaliséierung an d'Erausfuerderung, sech elo der Energiekris ze stellen, sinn den Ament bei deene Betraffenen net méi ewechzedenken.
Lues a lues gëtt alles aus der Theorie an d'Praxis ëmgesat: Manner laang Stroossebeliichtung an der Nuecht nom Motto "keng onnëtz Energie Verpolverung". An anere Wierder soll och net méi mat de Schnéikanounen iwwerdriwwe ginn, do heescht et dann: do, wou da kee Schnéi läit, läit dann ebe keen.