De leschte spektakuläre Besuch vum Neowise ass schonn annerhalleft Joer hier, lo flitt schonn den nächste Komet laanscht eis Äerd.

De Komet C/2022 E3 wäert Enn Januar seng maximal Hellegkeet erreechen a wéinst de gënschtege Moundverhältnisser ouni Teleskop optimal ze gesi sinn. Dat huet d'Haus vun der Astronomie zu Heidelberg an d'Vereenegung vun de Stärefrënn matgedeelt.

Et handelt sech ëm e laangperiodesche Komet mat enger Ëmlafzäit ëm d'Sonn vun ongeféier 50.000 Joer. Den 12. Januar erreecht den C/2022 E3 mat enger Distanz vun 1,1 Astronomeschen Unitéiten déi Positioun, déi der Sonn am noosten ass, den 1. Februar mat 0,28 Astronomeschen Unitéiten - dat sinn 42 Millioune Kilometer - déi klengsten Distanz zur Äerd.

Eng Astronomesch Unitéit entsprécht dem mëttleren Ofstand tëscht Äerd a Sonn, dat sinn eng 150 Millioune Kilometer. Ënner Ëmstänn ass de Komet am Himmel, wann dee gutt däitscher ass, souguer mam bloussen A z'erkennen. Viraussetzung ass do natierlech, dass ee weess, wou en um Himmel ze fannen ass.

Astronomen hunn den Äis-Komet mat der Bezeechnung C/2022 E3 am Mäerz 2022 entdeckt. Virdru war en nach ni ze gesi gewiescht, e brauch nämlech onheemlech laang fir d'Sonn z'ëmkreesen - e puer Zéngdausend Joer. Wéi de Komet déi leschte Kéier an eiser Géigend war, huet déi mënschlech Zivilisatioun nach net existéiert.

D'Nasa huet nach wësse gedoen, dass de Komet elo däitlech méi hell ass an zitt sech duerch de Moieshimmel iwwert dat nërdlecht Stärebild Corona Borealis. Den idealen Zäitpunkt ass iwwregens den 21. Januar, an der südlecher Hemisphär dann uganks Februar.

Komete gëllen als Iwwerrescht vun der Entstehung vun eisem Sonnesystem viru ronn 4,6 Milliarde Joren. Si ginn dacks mat risegen, knaschtege Schnéibäll aus Äis, Stëbs a Stee verglach. Wann dës Stécker op hirer Rees duerch den All méi no un d'Sonn geroden, bilde si dacks e Schwäif.