Am Berliner Amtsgeriicht "Tiergarten" koum et am Prozess géint de Klimaaktivist Henning Jeschke zu engem Eclat.

Den 23 Joer ale Mann, dee Grënnungsmember vun der Klimaktivisitegrupp "Letzte Generation" ass, ass matten an der Verhandlung opgesprongen an huet sech un den Dësch gepecht. "Ech hu mech festgepecht. Ech muss et maachen, well mir iwwert de Klimanoutstand schwätze mussen" huet de Jeschke am Sall D107 gesot. "Et deet mer leed, ech muss et maachen", esou de jonke Mann weider, wärend de Riichter de Sall verlooss a Justizbeamten alarméiert huet.

Am Prozess geet et ëm méi Aktioune vun der Grupp "Letzte Generation" aus der Zäit vu Mäerz bis Juni 2022, un deenen de Jeschke bedeelegt gewiescht soll sinn. Hinne gëtt Widderstand géint Policebeamten a geféierlecht Agräifen an de Stroosseverkéier virgeworf.