Den Islänner Haraldur Thorleifsson, genannt Halli, war zënter 2021 bei Twitter ugestallt. Bis hie sech enges Dages net méi an de System alogge konnt.

Doropshin hat den Thorleifsson sech gefrot, ob Twitter hien entlooss hätt. Well hien allerdéngs ni eng offiziell Kënnegung gesinn hat, huet hie per Mail nogefrot, ob hien nach fir d'Firma schaffe géing. Nodeems hien deeglaang weder vun de Ressources Humaines nach vum Elon Musk selwer eng Äntwert op seng Maile krut, hat hien decidéiert, de Milliardär op Twitter selwer ze froen, ob hien nach fir d'Firma schaffe géing.

Ma den Elon Musk schéngt dës Fro net esou wierklech positiv opgeholl ze hunn. Tëscht him an dem Halli war nämlech e reegelrechte Sträit ausgebrach. Wärend dësem hat de Musk dem Thorleifsson ëffentlech op Twitter reprochéiert, hie just ëffentlech no senger Entloossung ze froen, fir op dës Manéier eng finanziell Entschiedegung ze kréien. Weiderhin huet et vum Besëtzer vun Twitter geheescht, dass den Thorleifsson e prominenten Twitter-User a räich wier.

Den Halli huet doropshi gemengt, dass et ok wier, wann Twitter hien entlooss hätt. Allerdéngs géif eng Firma et normalerweis matdeelen, wann dat de Fall ass.

Den Elon Musk hat wärend dem Sträit awer nach weider ausgeholl a behaapt, dass den Thorleifsson keng Aarbecht fir Twitter geleescht hätt. Hien hätt behaapt, dass hie wéinst enger kierperlecher Aschränkung net tippe kéint, géif awer gläichzäiteg e Stuerm op Twitter lass trëppelen.

Doropshin hat e Fotograf, deen an der Vergaangenheet mam Thorleiffson zesummegeschafft hat, sech ageschalt a gesot, dass dësem seng Aarbechtsmoral impeccabel wier. Den Thorleiffsson war nämlech bei Twitter ugestallt ginn, nodeems d'Social-Media-Plattform eng Kreativ-Agence, déi hie gegrënnt hat, kaf hat.

Dorpshin hat de Musk iwwer Video-Chat mam Islänner geschwat. No dësem Gespréich hat de Musk sech dunn ëffentlech beim Halli entschëllegt. Seng Aussoe wieren op Saache baséiert gewiescht, déi hie gezielt kritt hätt, ma dës Saachen hätte sech als falsch erausgestallt. Den Thorleifsson géif iwwerdeems driwwer nodenken, bei Twitter ze bleiwen.