Ronn all véierte Mann wiesselt net all Dag seng Ënnerwäsch

© AFP/Archiv/JUSTIN TALLIS
Perséinlech Hygiène ass net grad e Smalltalk-Thema. Ëmsou méi interessant sinn dofir d'Resultater aus enger rezenter Ëmfro an Däitschland.
Ronn all véierte Mann an Däitschland wiesselt der Ëmfro no seng Ënnerwäsch net all Dag. Bei de Frae läit deen Taux wäitaus méi niddereg - hei huet just all zéngte Fra uginn, net all Dag ze wiesselen. Mat 84 Prozent huet awer allgemeng de gréissten Deel vun den 1.500 Leit tëscht 16 a 74 Joer, déi an der GfK-Ëmfro am Optrag vum Onlinehändler Galaxus matgemaach hunn, uginn, hir Ënnerwäsch wéi recommandéiert op d'mannst eng Kéier den Dag ze wiesselen.
Am wéinegste genee mat der propperer Ënnerwäsch huelen et dem Alter no gekuckt jonk Leit tëscht 16 an 29 Joer, mat Leit tëscht 50 a 74 Joer op der zweeter Plaz. Ënnert de Leit, déi hir Ënnerwäsch net esou dacks wiesselen, wieren der Ëmfro no vill Leit mat gerénger Bildung an nidderegem Akommes.
Bei der Bettwäsch hate sech véier vun zéng Befrote Leit net un de recommandéierte Rhythmus vun zwou Wochen. Hei si par contre jonk Leit tëscht 16 an 29 déi, déi hir Bettwäsch am dackste wiesselen. D'Gréisst vum Stot schéngt hei iwwerdeems och eng Roll ze spillen. A Single- an Zwee-Persounen-Haushalter géif d'Bett net esou dacks nei opgezu gi wéi a méi grousse Familljen.
Bei den Zännbiischte gëtt recommandéiert, all dräi Méint eng nei ze benotzen. Doru schénge sech der Ëmfro no och déi meeschten ze halen. 40 Prozent vun de Befroten hunn iwwerdeems uginn, op d'mannst eng Kéier den Dag ze duschen oder an d'Bidden ze goen. Just sechs Prozent vun de Leit hunn dogéint uginn, just eng Kéier d'Woch oder nach méi seelen ze duschen.