Jong vun 13 Joer stoppt Schoulbus no Malaise vu Buschauffesch

© AFP Archivbild
No engem medezineschen Noutfall huet e Bouf vun 13 Joer an den USA net laang gezéckt an huet esou wuel e schroen Accident verhënnert.
Den Dillon Reeves hat matkritt, dass d'Chauffesch vu sech war an huet de Bus mat ronn 60 Schüler dran an der Stad Warren am Bundesstaat Michigan zum Stoe bruecht. Déi ganz Aktioun hat eng Iwwerwaachungskamera festgehalen.
Den Dillon gëtt elo als Held gefeiert.
Den dramatesche Virfall war schonn e Mëttwoch geschitt. Opname vun der Iwwerwaachungskamera weisen, wéi der Fra hannert dem Steier schlecht gëtt a si sech mat hirer Kap frësch Loft zoufächert. Si kann nach per Funk duerchginn, datt et hir dronkeg ass a si de Bus stoppe muss. Doropshi war si vu sech, d'Gefier awer nach a Beweegung.
Den Dillon Reeves ass no vir gelaf, huet sech d'Steierrad gegraff an huet de Bus gestoppt. Dono huet hie senge Matschüler, déi a Panik gejaut hunn, zougeruff, den Noutruff ze wielen.
Wéi CNN spéider gemellt huet, géif et der Chauffesch gutt goen. Si wier an engem stabillen Zoustand fir eng Ënnersichung an e Spidol gefouert ginn. D'Agräife vum Teenager wier entscheedend gewiescht an et kéint een net méi houfreg sinn, sou de Chef vum Schoulbezierk Robert Livernois.
Och de Schäffen Jonathan Lafferty huet den Asaz vum jonke Schüler gelueft. Den "Held Dillon Reeves" hätt wuel en "trageschen Accident verhënnert".