D'Sprengung vun der 435 Meter laanger a 17.000 Tonne schwéierer Bréck ass wéi geplangt gelaf. Um 12 Auer gouf se ausgeléist an d'Bréck ass no ënne gefall.

Eigentlech huet d'Sprengung wéinst der Schréi vum Hang als besonnesch erausfuerderend gegollt. Donieft hunn d'Gebaier an der Géigend vun der Bréck misste geschützt ginn, woufir ënnert anerem och Dosende Container als Schutzbarrikaden opgestallt goufen.

No der Sprengung huet de Sprengmeeschter Michael Schneider, deen och de Knäppchen um Punkt 12 Auer gedréckt huet, sech dem WDR géigeniwwer erliichtert gewisen: "Et hätt net kënne besser lafen."

Zanter Dezember 2021 war d'Bréck un der A45 komplett gespaart, nodeems bei enger Kontroll erhieflech Schied festgestallt goufen. Ënnert anerem goufe Verformungen am Ënnerbau vun der Bréck fonnt. D'Bréck war net méi ze benotzten.