E Méindeg am Nomëtteg ass et am Fräizäitpark an Däitschland zu engem gréissere Brand komm. D'Ursaach ass bis ewell net bekannt.

Op Videoen a Fotoen an de soziale Medien ass eng grouss, dicht Dampwollek iwwert de Gebaier ze gesinn. D'Noriichtenagence dpa bezitt sech op Aenzeien a mellt, datt de Brand d'Attraktioun "Zauberwelt der Diamanten" betreffe géing. Do féieren och den Alpenexpress an d'Wëllwaasserbunn duerch, heescht et vun engem Spriecher.

Vun enger Spriecherin vum Fräizäitpark huet et geheescht, datt d'Pompjeeën op der Plaz wieren an d'Visiteuren evakuéiert gi wieren. Méi spéit huet de Park op Twitter, wou si d'Leit um Lafenden halen, matgedeelt, datt d'Visiteuren nees an d'Hoteller zréck dierfen an de Park en Dënschdeg nees wäert op sinn.

D'Police deelt mat, datt d'Feier aktuell ënner Kontroll wier.

Eng Ursaach fir de Brand ass nach net bekannt.

Eréischt am Mee 2018 hat et an de Beräicher Skandinavien an Holland gebrannt. Sëllege Restauranten, Butteker an Attraktioune goufen dobäi verbrannt. Deemools war d'Feier duerch en techneschen Defekt ausgebrach.