Fir d'sechste Kéier gëtt de "Festival Vapeur" am Minettpark Fond-de-Gras organiséiert. Zwee Deeg laang geet et mat vill Damp duerch d'Vergaangenheet.

Vun e Samschdeg 6. September bis e Sonndegowend 7. September 2025 steet de Fond-de-Gras ganz am Zeeche vu Maschinnen, déi mat Damp ugedriwwe ginn. Aus der Belsch kënnt zum Beispill eng Damplokomotiv, déi aus dem Joer 1940 ass. "Elna" heescht se. "Déi ass laang an Däitschland gefuer. Op enger Niewebunn. An de 70er Joren ass dës Lokomotiv bei e belsche Veräi komm. De Chemin de Fer à Vapeur des 3 Vallées. Hei gouf se komplett restauréiert. Elo huet se nees eng grouss Revisioun kritt", sou de Jean-Marie Thill, Vizepresident vum Train 1900.

D'Preparatioune fir de Festival Vapeur lafen
De Weekend invitéiert de Fond-de-Gras nees op hiren Damp-Festival.

Dëse Weekend ass dës Maschinn um Festival am Asaz ze gesinn. Nieft de Lokomotive vum Train 1900 sinn och eng ganz Partie anerer ze bestaunen.

De Jean-Marie Thill am RTL Interview
Lokomotiven vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland sinn de Weekend ze bewonneren.

Am einfachsten ass et, vu Péiteng aus an de Fond-de-Gras ze kommen. An der Südgemeng steet e grousse Parking fir d'Visiteuren zur Dispositioun. Vun Nidderkuer gëtt et och eng gratis Navette, déi d'Leit an de Minettpark bréngt. "De Billjee kann een online kafen. Dat ass eng Première fir dës Editioun. Et ginn dës zwee Deeg awer och vill aner Animatiounen, déi Grouss a Kleng proposéiert ginn."

De Vizepresident vum Train 1900 am RTL Interview
Vill Aktivitéite fir Grouss a Kleng dese Weekend am Fond-de-Gras.

Zu Péiteng fiert den éischten Zuch um 10 Auer fort. Am Fond-de-Gras schonn um 09.20 Auer.

Méi Informatioune kritt een um Internetsite: www.minettpark.lu