Mamer mécht 2. Kéier bei der Aktioun "Gielt Band" mat
De Projet "Gielt Band: Hei ass plécken erlaabt" gouf scho viru puer Joer vum Antigaspi-Programm an d'Liewe geruff.
Op Äppel, Bieren oder Quetschen. Lëtzebuerg huet eng grouss Auswiel un Uebstbeem. Wann ee laanscht d'Bongerten trëppelt, gesäit een ëmmer rëm Äppel a Bieren um Buedem leien, déi scho faul sinn. Kiloweis Uebst gëtt esou verbëtzt. Fir dem entgéint ze wierke gouf de Projet "Gielt Band: Hei ass plécken erlaabt" scho viru puer Joer vum Antigaspi-Programm an d'Liewe geruff. Dës Woch huet d‘Mamer Gemeng fir eng zweete Kéier matgemaach an huet d‘Maison Relaisen aus der Gemeng agelueden, fir de Kanner de Projet virzestellen an hinnen d’Bedeitung vum Anti-Gaspillage an engem konkrete Beispill ze vermëttelen.
De Prinzip ass ganz einfach: Wann d’Uebst zeideg ass, fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band - aus Kotteng, also recycléierbar - markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken. Domat wëll een aktiv géint d'Liewensmëttelverschwendung virgoen. D’Gemeng Mamer, déi schonn zejoert um Projet bedeelegt war, huet och dëst Joer nees drun deelgeholl an domat hir Ënnerstëtzung fir d’Initiativ ënnerstrach, wéi de Buergermeeschter Luc Feller erkläert.
"Mir hunn am ganze véier Parzelle bei eis um Territoire, déi mir zur Verfügung stellen, wou d‘Bierger kënnen dohinner goen. Mir hunn awer och eng ganz Rei Bierger, déi Äppelbeem bei sech Doheem privat zur Verfügung stellen, wou Leit kënnen dohinner goen. Mir haten nach Bänner missen nobestellen dëst Joer, well mir der net genuch haten."
Ronn 140 Uebstbeem stellt d‘Mamer Gemeng zur Verfügung. 71 Gemenge maachen aktuell beim Projet mat. Bei der Aktioun "Gielt Band" kënnen awer net just Gemenge matmaachen, mee och Privatleit, Associatiounen an Entreprisen, déi Uebstbeem an hire Gäert oder Bongerte stoen hunn.
D‘Landwirtschaftsministerin Martine Hansen erkläert: "D‘Gemenge maachen dat jo och gären, si hu jo Bongerten, an d‘Gemenge selwer wëlle jo och verhënneren, dass mir wäertvoll Liewensmëttel verbëtzen. An et geet dorëms, mir mussen d‘Liewensmëttel erëm méi wäertschätzen an dat och bei de Kanner ufänken. Dofir sinn ech extreem frou, dass hei d‘Kanner dobäi sinn.“
Och d‘Maison Relaise vu Capellen a Mamer ware mat dobäi an hu fläisseg giel Bännercher opgehaangen an Äppel gepléckt.
Op der Internetsäit antigaspi.lu kann ee sech dës giel Bännercher bestellen an op enger Kaart kucken, wéi eng Gemenge bei der Aktioun matmaachen, a wéi eng Zorten Uebstbeem et do gëtt.