Plainte vu Zuckerberg géint Zuckerberg
Se heeschen d'selwecht mä stinn op verschiddene Säiten

Den Affekot Mark Zuckerberg verklot elo de Facebook-Konzern vu sengem "Namensvetter", well säi Profil ëmmer rëm gespaart gëtt.
D'Online-Plattform géif him reprochéieren, datt sech de Jurist fir de Grënner vum Meta-Konzern wëll ausginn, schreift den Affekot a senger Plainte. Dowéinst wier hien déi lescht 8 Joer fënnef mol gespaart ginn an et hätt ëmmer Méint gedauert, fir säi Konto, deen hie fir berufflech Zwecker notzt, nees fräizeschalten. Mat senger Plainte wëll de Mark S. Zuckerberg elo erreechen, datt per Geriicht verbuede gëtt, datt Facebook seng Profiller spären dierf.
Am meeschte gelies