Munneref: Mann gewënnt 185.219 EuroA geet elo fréizäiteg a Pensioun

RTL Lëtzebuerg
De Weekend huet e Mann zu Munneref am Casino 185.219 Euro gewonnen.
© Casini 2000

Vu Mataarbechter vum Casino krut de Fransous geroden an eng schéi Vakanz ze goen. Hien hätt awer eppes anescht am Kapp a géif elo fréizäiteg an d’Pensioun goen. E géif wuel nach ee Joer schaffen, mee da wier Schluss.

De Casino 2000 schreift an engem Communiqué, dass et ee vun de gréisste Montante wier dee bis elo ausbezuelt gouf. De gréisste Gewënn geet op d’Joer 2007 zréck, deemools hat am Mee eng Persoun 1,5 Milliounen Euro gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO