
Medieberichter no ass de Mann e Mëttwoch wärend der Zeremonie am Süde vu Jordanien vun enger Kugel getraff ginn, déi d’Gäscht viru Freed an d’Luucht geschoss haten.
De Bräitchemann wier mat senger Schosswonn an d’Spidol bruecht ginn, wier dunn awer u senge Blessure gestuerwen. De Gaascht, deen de Schoss ofginn hat, wier festgeholl ginn, melle Medien. Informatiounen doriwwer, wéi et der Braut an den anere Gäscht nom déidlechen Tëschefall goung, ginn et bis ewell nach net.
A Jordanien ass et e Brauch, datt bei Feierlechkeete mat schaarfer Munitioun an d’Luucht geschoss gëtt. Aktiviste fuerderen ëmmer nees, datt dës Traditioun ophält. D’Benotze vu Schosswaffen am ëffentleche Raum ass u sech a Jordanien och verbueden.
Ëmmer nees kënnt et am Land an an anere Staaten an der Regioun, an där et dës geféierlech Traditioun gëtt, zu déidlechen Tëschefäll. Am Joer 2020 wat zum Beispill a Jordanien ee Prisonéier um Dag vu senger Entloossung aus dem Prisong ëm d’Liewe komm, well hie vun enger Kugel getraff gouf.