An deenen nächste Woche kache mir all Méindeg a Mëttwoch eng Pasta mat eise Politiker a Politikerinnen.

De Fred Keup kacht eng Spaghetti Carbonara. E Plat, deen hien a seng Famill gären iessen. Duerch seng Fra, déi Famill an Italien huet, ass hir Familljekichen italieenesch ugehaucht an d'Carbonara ee vun de Platen, déi si gäre preparéieren. Dat an der Originalversioun mat Guanciale, Pecorino romano a just dem Giele vum Ee.

Am Interview mam Isabelle Henschen gi mer gewuer, ob hien iwwerhaapt nach Zäit huet, am Alldag vill ze kachen a wat bei him am Frigo net däerf feelen an. Dës Fro "Wat däerf dann an Ärem Frigo net feelen?" huet de Fred Keup "geféierlech" fonnt an du gemengt "Geméis a wat net dierf feelen, ass natierlech ëmmer eng Fläsch wäisse Wäin an eng Béchs Béier".