E kuriéisen Tëschefall gouf et rezent am portugiseschen Duerf Levira. D'Autoritéiten deele mat, datt Schlëmmeres konnt verhënnert ginn.

An enger Distillerie sinn zwee grouss Tanke geplatzt. Doduerch sinn zwou Millioune Liter Roude Wäin ausgelaf an hu sech duerch dat ganz Duerf verbreet. Videoopname weisen, wéi d'Stroosse sech an e Floss aus Wäin verwandelt hunn. Levira läit eng honnert Kilometer vu Porto ewech.

Wéi et vun de lokalen Autoritéiten heescht, wier den Impakt op d'Ëmwelt vun dësem Tëschefall awer just limitéiert. "Et gesäit alles dono aus, wéi wann et méiglech gewiescht fir, fir schwéier Schied un der Ëmwelt ze evitéieren," esou e Spriecher géintiwwer der AFP.

Wat dësen Tëschefall ausgeléist huet, ass nach net gewosst. Déi zwou Millioune Liter Wäin hunn nieft de Stroossen och Terrainen iwwerschwemmt an och op d'mannst ee Keller stoung "ënner Wäin". Wichteg fir d'Autoritéite war, datt de Wäin net an de Floss Cértima, dee ronn 5 Kilometer vum Duerf ewech ass, eraleeft.

D'Distillerie huet och reagéiert an déi voll Verantwortung iwwerholl. Et géif een och fir d'Fräisen, déi duerch de Wäifloss entstane sinn, opkommen.