Berliner Police saiséiert honnerten Tübe Koll

© ODD ANDERSEN AFP
D'Police vu Berlin huet d'Wunneng vun engem Member vun de Klimaaktiviste vun der Organisatioun "Letzte Generation" duerchsicht.
Wéi et vun der Police heescht wier d'Perquisitioun e Méindeg am Berliner Quartier Reinickendorf gewiescht.
Et hätt een decidéiert, d'Wunneng vun engem 25 Joer ale Mann ze duerchsichen, nodeems een erausfonnt hätt, dass dësen eng Palett mat engem Produit, deen dozou féiert, dass Koll méi séier dréchent, bei sech doheem lageren, an de Produit aneren Aktivisten zur Verfügung stelle géif.
Op d'mannst een Aktivist hätt sech der Berliner Police e Méindeg mat Material, dat hie vun deem 25 Joer ale Mann krut am Kader vun enger Blockad op der Strooss festgepecht.
Bei der Perquisitioun e Méindeg hunn d'Beamten dann nieft dem Produit, fir de Koll ze dréchnen och nach e puer honnert Tübe Koll fonnt. De Mann kritt elo Bäihëllef zum Widderstand géint Staatsgewalt reprochéiert.