Bei senger Show zu Paräis sinn d'Modele mat liewege Päiperleken an de Räck iwwer de Catwalk gelaf. Eng Decisioun, déi den Designer Jun Takahashi lo bereit.

Eigentlech war den Optrëtt bei de Moudekritiker gutt ukomm - op d'mannst vir kuerz Zäit. D'New York Times huet déi ganz Show vum Label "Undercover" "eng Elegie op eng verluere Welt" bezeechent. Presentéiert hat den Designer Jun Takahashi op der Paräisser Fashion Week am September véier Kleeder mat duerchsichtege Plastiksräck, an deene Blummen a lieweg Päiperleken ze gesi waren.

Ma e puer Wochen no der Show ass d'Euphorie verflunn. "Ech bedaueren , datt ech Päiperleke gefaangen hunn, déi fräi um Himmel fléie konnten", zitéiert CNN den Designer aus engem Entschëllegungsschreiwes. Destinataire vum Bréif war d'Déiereschutzorganisatioun Peta. De Grupp hat den Takahashi eegenen Informatiounen no am Oktober selwer ugeschriwwen, fir hien doriwwer z'informéieren, datt Päiperleken, déi fir ëffentlech Ausstellunge genotzt ginn, "an der Reegel entweder aus der Natur gerass oder a Gefaangenschaft op Häff geziicht ginn". Vill vun den Déiere géingen zerquëtscht oder kéimen ëm d'Liewen, wärend si "wéi Fracht" an Enveloppen a Kartonge verschéckt ginn. D'Päiperleken, déi fräigelooss ginn oder entkommen, kéinte Krankheeten op lokal Insektepopulatiounen iwwerdroen a kämpfen dacks ëm d'Iwwerliewen - deels bis zum Erhéngeren.

"Ech fille mech schëlleg"

A senger Entschëllegung erkläert den Takahashi, datt seng Ekipp d'Déiere bei engem "etheschen" Ziichter bestallt an hinnen déi richteg Ernärung a vill Plaz, fir z'ootmen, ginn hätt. Och wieren d'Päiperleke bei der richteger Temperatur gehale ginn. Trotzdeem wier him bewosst gewiescht, datt hien e Feeler mécht. "Ech hu mech schëlleg gefillt, awer ech hunn decidéiert, Päiperleken an d'Kleed fir meng Kreatioun ze stiechen", esou den Designer. Wéi CNN mellt, hätt et antëscht souguer en Treffen tëscht dem Takahashi a Peta ginn, woubäi et zu enger "konstruktiver Diskussioun" komm wier.

Et ass net déi éischt Konfrontatioun tëscht der Moudewelt an Déiereschützer. Mat sougenannte "Monarchfalter" wollt d'Geschäftshaus Barneys 2018 Reklamm fir hir Bijoux-Kollektioun maachen. No enger Reklamatioun vu Peta huet Barney schlussendlech zougestëmmt, an Zukunft keng lieweg Päiperleke méi ze presentéieren.