Vum neie Joer u mussen eis däitsch Noperen och an der Gastronomie, also de Restauranten an de Bistroen, nees 19 Prozent TVA bezuelen.

Dat huet d'Regierung matgedeelt. Aus dem Gastronomieberäich kënnt elo d'Angscht, datt dëst zu Faillite féiere kéint.

Däitsch Medien hate gemellt, datt d'Ampelkoalitioun sech eens wier, datt een d'Reduktioun vun der "Mehrwertsteuer" net verlängere géif. Nach e Méindeg hat d'FDP, e Juniorpartner an der Regierung, gefuerdert, datt een dës Mesure bis Enn 2024 verlängere sollt.

U sech bezilt een an Däitschland, wann een am Supermarché eppes keeft oder Iesse mathëlt respektiv liwwere léisst, just siwe Prozent TVA. Wärend der Corona-Pandemie hat déi däitsch Regierung dëse Steiersaz och fir d'Gastronomie provisoresch agefouert. Dono gouf d'Mesure nach eng Kéier wéinst der Energiekris verlängert.

D'Gastronomie warnt elo, datt d'Zerécksetzen op den normalen Taux vun der TVA kéint dozou féieren, datt et zu Faillitten am Secteur kéim. Kritiker vun der Mesure soen awer, datt am Fall vun enger dauerhafter Reduzéierung dem däitsche Staat Milliarden u Steieren duerch entginn. Am September hat d'FDP, déi de Finanzministère ënnert sech huet, ausgerechent, datt dem Staat bis dohi knapp 3,4 Milliarden Euro entgaange sinn.