Fotoe vum SonndegD'Réimecher Kavalkad huet den Ofschloss vun der Saison gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wien e Sonndeg nach emol mat anere Fuesboken duerch d'Stroossen zéie wollt, deen hat zu Réimech déi leschte Geleeënheet vum Joer.
Kavalkaden zu Réimech an zu Péiteng
Déi Péitenger Kavalkad ass déi Eelsten am Land. 1955 huet et ugefaangen.

Och zu Péiteng gouf et e Sonndeg nach eng Kavalkad, ma well déi schonn ëm 14.11 Auer lassgoung, huet Réimech ëm 14.30 Auer offiziell den Ofschloss gemaach. Genee geholl gëtt an der Muselgemeng awer schonn de ganze Weekend gefeiert. Lass goung et e Freideg mat engem After Work a Bal, ier et e Samschdeg mat engem Kannerfuesbal an dem “Hausbal wéi fréier” weidergoung.

Wien es nom Ëmzuch duerch Réimech nach net genuch huet, dee kann e Sonndeg den Owend op der “After Cavalcade Party” nach eng leschte Kéier alles ginn, an am Zelt d’Fuessaison ausklénge loossen.

Back to Top
CIM LOGO