
Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg beschreiwen et esou: Et wier, wéi wann ee mat sengem Auto ni eng Revisioun géif maachen, a sech da wonnert, wann een op der Autobunn eng Pann huet. Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hunn am Kader vun der “Brain Health Awareness Week”, déi e Méindeg ufänkt, hire Projet “GetBrainHealthy” lancéiert, wou si d‘Bevëlkerung op d’Thema vun der Gehier-Gesondheet sensibiliséiere wëllen.
Déi rezent Fortschrëtter an der Fuerschung weisen, datt ee mat einfache Gewunnechten am Alldag vill fir säi Gehier a seng kognitiv Fäegkeete maache kann. Schlof, Beweegung, sozial Kontakter oder eng equilibréiert Ernierung kënnen e wichtegen Afloss op d’Funktioun vum Gehier hunn. D’Uni Lëtzebuerg wëllt dës wëssenschaftlech Erkenntnisser elo och der Gesellschaft op eng einfach a verständlech Manéier méi no bréngen. Mat verschiddenen Aktivitéite soll de Projet “GetBrainHealthy”, deen iwwer dräi Joer geet, d’Leit sensibiliséieren an hinne konkret Tipps fir e gesonde Liewensstil ginn, wéi d‘Laure Pauly, Fuerscherin op der Uni.lu erkläert.
“Et ass een Theema, wat ee ganz breet Bild u Leit soll erreechen. Vun dohier hu mir och ganz vill verschidde Strategien, déi mir wëlle benotze fir déi Informatioune weiderzeleeden. Wéi zum Beispill Workshoppen, déi mir duerch dat ganzt Land, vun Abrëll u bis Juni maachen, dat a verschiddene Sproochen. Mir hunn awer och ganz vill Informatiounen op eiser Websäit a méi kuerz Informatiounen op eise soziale Medien.”
Am Mëttelpunkt vun der Initiativ steet de Modell “B.R.A.I.N.P.O.W.E.R.”, deen eng Rei vu konkrete Preventiounsmesurë fir den Alldag virschléit. Am Wuert “Brain Power” steet all Buschtaf fir eng Aktioun, déi ee fir eng besser Gesondheet vum Gehier ka maachen. Dozou gehéieren ënner anerem reegelméisseg Beweegung, eng gesond Ernierung, Alkohol an Tubak evitéieren, sozial Interaktiounen a genuch Schlof.
“P den Helm undoen, protect your brain, also pass op däi Gehier op. Den O ass d‘Optik an den Audio. Oueren an d‘Ae schützen. W ass de wellbeing, d‘mental Gesondheet, och dat huet ee groussen Afloss. Laange Stress, Depressioun an Angschtzoustänn kënnen een Afloss drop hunn. E d‘Educatioun, d‘Engagement also alles wat eis kognitiv stimuléiert: Liesen, Sprooche léieren, nei Hobbyen. Alles dat ass ganz positiv. An dann hu mir nach den R dee fir d‘Respiratioun steet, also air-pollution, Loftverschmotzung an awer och reduzéiere vu Bildschiermzäit.”
Och Facteuren, wéi iwwerméisseg laang Zäit virum Ecran verbréngen, kënne sech negativ op d’Gesondheet vum Gehier auswierken, wéi d‘Anja Leist, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, erkläert.
“Das würde beispielsweise heißen, dass dadurch mehr sinnmachende Aktivitäten vernachlässigt werden, Bewegung vernachlässigt wird. Wir haben die Erkenntnisse, dass Bildschirmzeit direkt vor dem Schlafengehen die Qualität des Schlafes beeinträchtigt, auch die Quantität des Schlafes beeinträchtigt und wissen schon, am nächsten Morgen ist die kognitive Funktion schlechter. Dann geht‘s wirklich auch um mentale Gesundheit. Wir wissen, dass übermäßiger Konsum sozialer Medien die mentale Gesundheit beeinträchtigt und zu depressiven Verstörungen führen kann.”
Fir säi Gehier fit a gesond ze halen, muss ee sech net onbedéngt vill ustrengen. Eleng 20 Minutten trëppelen huet ee ganz positiven Effekt op eist Gehier a verbessert eis Konzentratioun.
Weider Informatiounen, genee wéi Tipps an Tricks doriwwer, wéi ee säi Gehier besser schütze kann, fannt Dir um Site Getbrainhealthy an op Instagram ënner “getbrainhealty”.