Fir vill Schi-Gebidder bedeit dat e Manktem u Schnéi.
Esou och an de Vogeesen. Vill Lokaler schätzen, datt d’Schi-Saison amplaz vu Mëtt Mäerz dëst Joer schonn Enn Februar riskéiert, op en Enn ze kommen. D’Loscht op den Alpinsport awer schéngt – trotz mëllen Temperaturen – net gebremst. Mir sinn zu La Bresse. Et ass een nach emol mat engem bloen A ewechkomm. Eng Schnéischauer vun 10 Zentimeter e Sonndeg den Owend garantéiert d’Ouverture vun enger Rei Pisten. 10 vun 33 kënnen opbleiwen – um Start vun der wichtegster Vakanze-Period. D’Julie Grob, Direktrice vum Office de Tourisme vu La Bresse weist sech dankbar: “D‘Clientèle ass do. Den Ament hu mer déi Paräisser an déi belsch Clientèle, déi an der Vakanz ass. Mir hunn zwar e Manktem u Schnéi – mee eis Clientèle kënnt net just, fir Schi ze fueren. Mir hunn en Territoire, deen och Alternative bitt, wann d’Wieder net esou matspillt.”
Zanter de 60er Jore fält manner Schnéi an de Vogeesen. E rezente Rapport gesäit nach manner Schnéi fir d’Zukunft viraus. Tëscht 2041 an 2060 solle bis zu 31% manner Schnéi falen. An et gi bis zu 85% manner Deeg mat iwwer 30 Zentimeter Schnéi op de Koppen. D’Investissementer am Wantersport an der Géigend awer bleiwen den Ament héich, esou d’Directrice. 5 Milliounen Euro goufe rezent an en neie Schilift investéiert. “Et gëtt weider an eis Schi-Statioun investéiert. Mir wëssen awer och, datt mer eis net méi just op de Wantersport verloosse kënnen. Mee eisen Territoire erlaabt et, eis jo Schi unzebidden, mee och ganz aner Saachen.”
Zu Spëtzenzäite logéieren am Duerf mat 4.500 Awunner bis zu 13.000 Leit. Ronn 30% vun de Lokale sinn “en directe” ofhängeg vum Wantertourismus. Dëse Wanter goungen d’Reservatioune fir d’Schipist zwar ëm e puer Prozent erof. An der Hotellerie an der Restauratioun awer verleeft d’Geschäft stabil, fënnt och den Hervé Pierrel, Direkter vun engem vun deen eelsten Hoteller zu La Bresse:
“Fir den Ament hu mer keng Annulatiounen erakritt. Mir probéieren, eis Clienten ze rassuréieren. Mam Wieder hu mir am Duerf elo nach d’Chance, méi Leit mëttes an de Restauranten ze hunn, well deels manner Leit op de Piste sinn. Soss sinn d’Leit de ganzen Dag op der Pist a kommen Owes an d’Duerf. Haut si se éischter en hallwen Dag ënnerwee a ginn duerno an Duerf shoppen, respektiv eppes drénken oder iessen.”

E bëssen anescht gesäit d’Situatioun 20 Kilometer ewech aus. Zanter 2008 gëtt zu Gérardmer d’Schi-Gebitt vun der Gemeng gemanaged. Zanter Covid awer ginn hei just nach rout Zuele geschriwwen, erkläert de Buergermeeschter, Stessy Speissmann Mozas: “Mir sinn ongeféier zu 55 Prozent vum Tourismus ofhängeg a 45 Prozent vun der Textil-Industrie hei an der Géigend. Mee den Tourismus mécht iwwert d’Hallschent aus. En ass immens wichteg. Et sinn e puer honnert Jobs, déi drun hänken.“
Zu Gérardmer kënnt de Schnéi zanter Februar quasi komplett aus der Maschinn. Kaum Schnéi heescht generell awer net direkt keng Touristen. Och wa just nach 3 vun 22 Pisten op sinn. De Benoît Perrin, zoustänneg fir Schi-Statioun zu Gérardmer: “D’Leit komme mëttlerweil och, fir aner Saache ze maachen. Se kommen trëppelen oder Schlitt fueren. Dofir hu mer dëst Joer extra eng Pist fir de Schlitt ëmgebaut. An dat gefält de Leit och.“
Ma d’Käschte fir de falsche Schnéi an d’Infrastruktur explodéieren. D’Gebitt läit op 800 bis 1.200 Héichtemeter. E bësse méi niddereg ewéi bei den Noperen. Ma déi 100 Meter maachen e groussen Ënnerscheed, erkläert de Buergermeeschter. Och an der Keess vun der Gemeng: “Eng Gemeng ewéi Gérardmer fonctionéiert op engem Budget vu 25 Milliounen Euro d‘Joer. Déi 3 lescht Joer awer hu mer schonn all Joer 1 bis 2 Milliounen aus deem Budget missen huelen, fir d‘Statioun matzefinanzéieren. An dëst Joer mam Schnéi, dee quasi inexistent ass, wäerte mer Enn vun dësem Joer op iwwer 3 Milliounen Euro Perte kommen. “
Wichteg Investissement am Duerf mussen annuléiert ginn. Iwwert déi nächst Méint gëtt no engem private Keefer fir d‘Statioun vu Gérardmer gesicht – an och den Tourismus-Secteur soll kuerzfristeg e Rebranding kréien.
