Visitt beim SEBES
Drénkwaasser - Vun der Natur an de Krunn
Déi nei Opbereedungsanlag vu SEBES zu Eschduerf kann ee sech an enger Visite guidée ukucken.
Iwwert 50 Prozent vum Drénkwaasser hei am Land kënnt aus dem Stauséi. Well de Verbrauch zu Lëtzebuerg ëmmer méi an d’Luucht geet, huet de SEBES eng nei, méi grouss Anlag gebaut, fir d’Waasser propper ze maachen. Dës kann ee sech neierdéngs an enger Visite guidée ukucken. De Circuit vun der Visitt ass esou opgebaut, datt een d’Gefill huet, de Wee vum Waasser selwer ze goen. 110 Millioune Liter Waasser den Dag ginn hei opbereet. Si brauche vum SEBES bis an de Krunn ronn siwen Deeg.
Am meeschte gelies