Virum Schluechte gerettAlbino-Büffel mat Spëtznumm "Donald Trump" lieft elo am "Luxus" an Zoo am Bangladesch

RTL mat Reuters
E seelene, wäisse Büffel mam Spëtznumm "Donald Trump" gouf, nodeem hien zu enger Internetsensatioun gouf, duerch staatlech Interventioun an den Déierepark zu Dhaka bruecht, amplaz wärend dem "Eid al-Adha"-Fest geschluecht ze ginn.
Albino-Büffel "Donald Trump" lieft elo am "Luxus" an Zoo am Bangladesch
E gouf vun den Autoritéite virum sécheren Doud gerett, elo lieft de bekannten Albino-Büffel "wéi den echte President" am Luxus am Zoo.

Nodeems de seelene wäisse Büffel mat senger opfälleg blonder Coupe –déi och d'Basis vum Spëtznumm "Donald Trump" ass – kuerz virum Eid al-Adha an de soziale Medie fir vill Opmierksamkeet gesuergt hat, ass en zu engem richtege Publikumsmagnéit ginn. D'Leit stounge esouguer Schlaang, fir Fotoen ze maachen.

Den Albino-Büffel hätt u sech sollte wärend dem reliéisen "Eid al-Adha"-Fest geschluecht ginn, ma d'Déier war virdrun duerch säin Ausgesinn a wuel och duerch säi Spëtznumm "Donald Trump" zu enger klenger Internetsensatioun ginn. Och dowéinst hunn d'Autoritéiten agegraff an d'Déier kuerz virum Fest am Nationalzoo zu Dhaka a Sécherheet bruecht. Déi Decisioun huet am Land fir ënnerschiddlech Reaktioune a souguer fir Kritik gesuergt, well Albino-Büffele sinn am Bangladesch ganz rar a zielen zu de groussen Attraktioune wärend der Héichzäit vum d'"Eid al-Adha"-Fest.

Um Dag vum Fest selwer koumen awer vill Visiteuren an den Zoo, fir de berüümte Büffel ze gesinn. Dësen Dënschdeg, also zwou Wochen, nodeem hien a sengem neien Doheem ukoum, war et ëm d'Déier méi roueg ginn. Weider hat den "Donald Trump" sech och u säin neit Ëmfeld gewinnt.

D'Fleeger këmmere sech intensiv ëm hien: hie kritt genuch Waasser, Ventilatoren, Matte fir ze raschten an och goufen a sengem Stall iwwerall Netzer géint d'Mustiken ageriicht. Hie lieft aktuell op engem Areal, dat ronn en hallwen Hektar grouss ass.

Obwuel et méi roueg ëm de Büffel ginn ass, kommen awer nach ëmmer vill Leit extra wéinst him an den Zoo. An och villen hunn hinnen ass net entgaangen, datt de Büffel elo "wéi dee richtege President" am Luxus lieft, grad, wann een den "Donald Trump" mat den aneren Déieren am Zoo vergläicht.

Back to Top
CIM LOGO