Wat ass eigentlech esou lass ënnert eiser Haaptstad? Wie sech dofir intresséiert an elo am Summer gären e puer Stonne vu frësche 15 Grad profitéiert, kann zesumme mat Guidë vun der Associatioun "Frënn vun der Festungsgeschicht" an de Lëtzebuerger "Underground" ënnerdauchen!
Si féieren duerch Deeler vun eise Kasematten, déi net ëmmer fir de Public op sinn an an deenen ee sech eleng komplett géing verlafen. Sechs esou Visitte ginn et iwwert de Summer.
Ënnert dem Stater Park ass et e bësse "spooky", e bësse fiicht an e bësse wéi viru laanger laanger Zäit... soubal een um leschten Träpplek ukënnt, ass een do matzendran. Ouni Täscheluucht geet am Fort Lambert guer näischt, well hei ënne léist een d'Patten ewech vum Elektreschen.
"Déi Leitunge si vun 1938", erkläert de Romain Schaus, Chef-Guide bei de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg.
Wa Bommenalarm war, am Zweete Weltkrich, koume Stater erof an d'Kasematten, all Quartier hat seng zougedeelt kritt. Déi vun där anerer Säit vun der Musel goungen an e Gas-dichten Deel, d'Kasematten ënnert dem Helleg-Geescht-Plateau.
Déi sëllege Gäng vum Fort Lambert kënnen een hei scho verkuerbelen, an do ginn et esou munch – nenne mer et Rumeuren... Zum Beispill där aus der Zäit, wou RTL nach an der Villa Louvigny war.
An deene 4,5 km Galerië verleeft ee sech gär, seet de Romain Schaus – e Skelett hätt een zwar bis elo glécklecherweis hei net fonnt, mee et géifen awer Geschichten erzielt, iwwer gréisser Fester, deemools, an de Kasematten.
De franséische Militär-Architekt Vauban huet d'Festungsmauere vun de Spuenier nach perfektionéiert, dat heescht, méi resistent gemaach géint d'Attacke vu baussen.
Ëm een Hoer war de Fort Lambert awer Affer vum sougenannte Fortschrëtt ginn, also vun deenen, déi haut d'Autoe guer net méi an d'Stad wëllen eraloossen!
Do hätt ee sech gewiert, erënnert sech den Hubert Glesener, och Guide fir d'Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg: An den 80er hätten déi ganz Mauere solle wéinst dem Parking Monterey ewechgerappt ginn. Du gouf e Kompromëss fonnt, andeems ronderëm de Fort Lambert gebaut gouf.
De 14. Juni elo ass deen éischten, ënnerierdesche Rendez-vous mat Guiden. D'Visitte gi bis an de September eran.
Weider Detailer kritt een um Internetsite vun de Frënn vun der Festungsgeschicht.