En Dënschdeg, wéi et esou héich Temperaturen hei am Land gouf, war enger Mamm e schreckleche Malheure geschitt.

D'Fra hat hire Puppelche vu grad emol e puer Méint am Auto, dee matten an der Sonn stoung, agespaart. Hir ass et awer séier opgefall a si huet voller Panik den ACL kontaktéiert, fir gehollef ze kréien, esou steet et um LinkedIn vum Lëtzebuerger Automobilclub.

Direkt gouf den Techniker Mathias Kersten op d'Plaz geschéckt an hie war esouguer nach virun der Police an dem CGDIS do. Him ass et och gelongen, d'Dier vum Auto opzekréien, ouni dës ze beschiedegen. D'Kand konnt doduerch direkt gerett ginn.

An deem Kader erënnert den ACL och drun, datt een e Puppelchen ni an engem Auto a sief et just fir e puer Minutte soll loossen. Dëst ka schlëmm Konsequenze matsechbréngen, grad am Summer, wann héich Temperaturen dobausse sinn. Weider notzt den Automobilclub dës Situatioun, fir hire Responders fir hir séier, gutt a professionell Aarbecht Merci ze soen.