Subside ginn erof, supplementär Subventioune gi gestrach

© RTL (Archiv)
Vum Hierscht u ginn et Ännerunge beim Konzept vun de Green Events.
Deemno kritt e Veräin, deen en ëmweltfrëndlecht Evenement organiséiert, just nach eemol de Subside, wann de Logo "Green Events" affichéiert gëtt. Fir dëse Label ze kréien, muss ee strikt Konditiounen anhalen.
Vum 1. Oktober u gëtt nieft dësem Changement och déi supplementär Subventioun gestrach, déi Clibb kruten, wann d'Ëmsetze vum gréngen Event mat Käschte verbonne war.
Zanter 5 Joer ginn elo ewell Clibb derzou motivéiert, en eco-responsabelt Event ze ginn, wou zum Beispill kee Plastik an den Asaz kënnt a Spullweenercher gebraucht ginn. Bis ewell kruten 370 Manifestatiounen dee Logo, deen un net manner wéi knapp 60 Krittäre gebonnen ass.
Do derbäi kommen eng 570 Eventer, déi vun de Leit aus dem Pafendaller Ökozenter berode goufen.
Eng knapp 431.000 Leit waren iwwert d'lescht Joren bei engem "Green Event" derbäi.