D'Europäer sinn déi weltwäit gréissten Alkoholkonsumenten

Dat geet aus dem neiste Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun ervir. Deemno drénken d'Europäer an der Moyenne 9,2 Liter rengen Alkohol am Joer.
D‘USA leie mat 7,5 Liter am Joer op der 2. Plaz.Weltwäit läit d'Moyenne bei 5,5 Liter.
Dem Rapport no drénke Männer an der Moyenne 4 Mol esou vill wéi Fraen. D‘Konsequenzen dovu sinn deels ganz schlëmm. Ee vun 10 Erwuessenen huet duerch Alkohol gefërdert Krankheeten. Bal 6 Prozent vun den Erwuessene sinn Alkohol-ofhängeg.
Mat ronn 800.000 Doudesfäll am Joer zielt den Alkohol an Europa zu den Haaptdoudesursaachen. Dowéinst fuerdert d‘WHO d‘europäesch Länner och op, d‘Steieren op Alkohol an d‘Luucht ze setzen, d‘Vermaarte vun Alkohol anzeschränken an och den Accès dorobber ze limitéieren.
D'WHO zielt 53 Länner zur Regioun Europa, dorënner nieft de 27 EU-Memberstaaten och e sëllege Länner, déi méi ëstlech leien, bis Zentralasien.
Nëmmen an e puer Länner an Europa geet den Alkoholkonsum erof, sou zum Beispill an der Tierkei, der Ukrain oder Russland. Dofir gehéieren awer 7 Länner aus de weltwäiten Top10 zu der EU.
An Däitschland z.B. ginn 12,2 Liter rengen Alkohol pro Joer pro Persoun gedronk, iwwerdeem et zu Lëtzebuerg 11,5 Liter sinn. D'Männer leie bei eis allerdéngs wäit vir, dat mat 17,6 Liter, géintiwwer 5,4 Liter bei de Fraen.