Wien Dreck sammelt, dierf gratis Kajak fueren

© Jens Kalaene / DPA via AFP
Am Tausch géint e vollen Eemer an e Gräifaarm kann ee bei der Initiativ "Green Kayak" an enger Rei Länner gratis Paddelbooter lounen.
An ëmmer méi Länner gesäit ee Leit, déi op hirem Kajak-Tour fräiwëlleg tonneweis Dreck aus dem Waasser fëschen. De Projet "Green Kayak" aus Dänemark, dee Fräizäitaktivitéit mat Ëmweltschutz verbënnt, gëtt et antëscht a Stied an Dänemark, Norwegen, Finnland, Schweden, Japan an Däitschland.
Bei eisem Noper bidde bis ewell d'Stied Berlin, Hamburg a Leipzig d'Initiativ un, de Projet soll awer op weider Stied ausgebreet ginn. Déi gréng Booter sinn ënnert anerem mat engem groussen Eemer an zwee Gräifäerm ekipéiert. Donieft gëtt et eng Kaart mat Beräicher, an déi een net soll fueren, fir Vigel a Planzen ze schützen. Um Enn vum Tour gëtt de vollen Eemer gewien a registréiert.
Eleng zu Leipzig: 206 Kilogramm an zwee Méint
Datt de Projet funktionéiert, gesäit een zu Leipzig, d'Birgit Paul vum Veräin "Gemeinwohl-Ökonmie Mitteldeutschland", déi de Projet an der däitscher Stad initiéiert huet, ass begeeschtert vun de Resultater zanter dem Start am Mee. "An den éischten zwee Méint hunn 116 Paddler a Paddlerinnen 206 Kilogramm Dreck gesammelt." Wärend der Futtball-Europameeschterschaft waren et virun allem Béierfläschen, Béchsen a Plastiksverpackungen.
Och den Oke Carstensen, Matgrënner vun der dänescher ONG "Green Kayak", deen de Projet 2017 no sengem Master zu Kopenhagen mat engem Frënd gestart huet, freet sech iwwer de gudde Start zu Leipzig. "Guer net schlecht fir eng ganz nei Stad. Déi héich Demande huet eis wierklech positiv iwwerrascht."
Am Ganze ginn dem Carstensen no op alle Plazen, wou de Projet ugebuede gëtt, ronn 20 Tonnen Dreck gesammelt. Déi heefegst Offäll wiere Konsumproduite wéi Plastiksverpackungen oder Zigaretten. "Mir hunn awer och scho Vëloen, Elektroscooter oder souguer Bijouen aus dem Waasser geholl."
Wichtegt Zil vum Projet wier et, Mënschen aus verschiddene Gesellschaftsschichten d'Notzung vun de Kajake gratis z'erméiglechen. "Eis ass wichteg, dass d'Offer gratis ass a bleift, fir datt jiddereen, dee sech fir d'Ëmwelt engagéiere wëll, aktiv matmaache kann", esou nach de Carstensen. Dofir bräicht et awer och Sponsoren, fir d'Initiativ op weider Stied auszebreeden.