Persoun aus der Belsch wënnt bal 150 Milliounen Euro

© RTL Archivbild
Sech en Haus leeschten, deier Reese maachen a sech dat kafen, vun deem een ëmmer gedreemt huet. Dat kann een oder eng Glécklech elo an der Belsch.
Iwwer bal 150 Milliounen Euro dierf sech dës Persoun nämlech freeën, déi beim Euro-Millions-Tirage e Freideg déi richteg Zuele getippt hat.
Déi richteg Kombinatioun war 12, 14, 34, 41 an 47 souwéi d'Stären 3 a 4. Gewonnen huet wéi gesot eng Persoun aus der Belsch. Net manner wéi 149.017.789,00 Euro huet eng eenzeg Persoun mat dësen Zuele gewonnen.
Fir 5 Richteger plus 1 Stär kréie 4 Persounen nach 257.427,90 Euro a wann ee 5 Richteger hat, ma kee Stär, da sinn et 34.380 Euro. Déi kruten ëmmerhin nach 7 Persounen.
Am nächsten Tirage sinn dann nees 16 Milliounen am Jackpot. Dofir kann ee sech vläicht net sou vill kafen wéi mat 150, ma fir en Haus an aner Dreem, geet och dat schonn duer. Matspille kann een an 12 Länner, och zu Lëtzebuerg.