Franséisch Regierung proposéiert Wënzer EU-Hëllef fir d'Zerstéiere vu Wéngerten

© AFP Symbolbild
Frankräich wëll senge Wënzer bis zu 120 Milliounen Euro EU-Gelder zoukomme loossen, fir dass si en Deel vun hire Riewen erausrappen.
Esou wier dann och de Problem vun der Iwwerproduktioun geléist. D'Regierung hätt eng entspriechend Demande zu Bréissel gemaach, sou de Landwirtschaftsministère a Frankräich e Mëttwoch den Owend. Et hätt een eng "éischt Äntwert op d'strukturell Schwieregkeete vun der Branche", heescht et vum franséische Ministère.
Zanter Joren hunn et d'Wënzer schwéier, well d'Venten ëmmer méi zeréckginn. Engersäits läit dat dodrun, dass de Fransous säi Goût ännert a Jonker léiwer Béier drénke wéi Wäin, anerersäits geet den Export an d'USA an a China zeréck. Dobäi kommen d'Suitte vun der Corona-Pandemie an de Klimawandel.
D'EU-Kommissioun hat schonn Enn Mee 2023 e Plang virgeluecht, deen accordéiert huet, dass 8.000 Hektar Wéngerten an der Géigend ëm Bordeaux konnten ofgerappt ginn. Offiziell goung et ëm d'Bekämpfe vu Schädlingen. Am Januar kruten d'Wënzer dofir schonn 80 Milliounen Euro Ënnerstëtzung vun der franséischer Regierung zougesprach.
Dem neie Plang no, deen nach muss accordéiert ginn, solle Wënzer eng Entschiedegung vu bis zu 4.000 Euro pro Hektar kréien, wa si hir Riewen erausrappen a sech verflichten, op d'mannst 6 Joer laang keng nei méi ze planzen. Op déi Manéier kéinte bis zu 30.000 Hektar vun den am Ganzen 800.000 Hektar Ubauflächen ëmgehae ginn.