
Den US-Bierger war e Sonndeg, nodeems hie vum Blëtz getraff gouf, mam Rettungshelikopter an e Spidol zu Catania geflu ginn, sou d'Pompjeeën e Méindeg géintiwwer der AFP. Bei der Arrivée am Spidol gouf de Mann allerdéngs fir dout erkläert.
Italieenesche Medien no handelt et sech beim Doudesaffer ëm en 30 Joer ale Tourist aus dem US-Bundesstaat Texas. Hie wier an engem gespaarte Gebitt vum Vulkan ënnerwee gewiescht a gouf do vum Onwieder iwwerrascht.
Mat 3.324 Meter Héicht ass den Ätna den héchsten aktive Vulkan an Europa. Zanter op d'mannst 500.000 Joer brécht e reegelméisseg aus. Zanter Ufank August huet en op en Neits ugefaangen, Äschen ze späizen. Dëst huet wéi gewinnt vill Touristen ugezunn, huet awer och dozou geféiert, dass de Fluchhafe vu Catania fir eng Woch huet missen zougemaach ginn.