Méi wéi en halleft Joerhonnert nodeems d'Doudesstrof géint den haut 88 Joer alen Hakamada verhaange gouf, gouf de Japaner fräigesprach.

Nodeems säi Fall nees virum Bezierksgeriicht am japanesche Shizuoka nei verhandelt gouf, gouf de fréiere Boxer en Donneschdeg fir onschëlleg erkläert. Den Hakamada gëllt als dee Prisonéier, dee weltwäit am längsten an der Doudeszell souz.

Hie gouf 1968 wéinst der Ermordung vu sengem Chef an deem senger Famill zum Doud verurteelt. No wochelaange Policeverhéier huet hien e Geständnis ofginn. Den Hakamada huet dëst awer kuerz drop nees zeréckgezunn an ausgesot, dass hien a brutale Verhéier zum Geständnis forcéiert gi war. Donieft wiere Beweiser gefälscht ginn.

D'Doudesurteel gouf 1980 vum Ieweschte Geriicht confirméiert, ma 2014 huet e Bezierksgeriicht ganz iwwerraschend annoncéiert, dass den Hakamada en neie Prozess misst kréien. Bis dat de Fall war, gouf hien dann och fräigelooss.

De Gros vun der 46 Joer laanger Prisongsstrof war hien an enger Zell eleng an dat huet dem Hakamada psychesch schwéier zougesat. Elo gouf hie wéi gesot komplett fräigesprach.